E klengen historeschen Réckbléck:

D‘Bamschoul gouf 1946 duerch den Här Martin Wahl zu Befort gegrënnt.

D‘Haaptproduktioun bestong zu deem Zäitpunkt haaptsächlech aus Bësch- an Zierplanzen.
Gréisst vum Betrieb zu deem Zäitpunkt: ca. 3 ha.

Martin Wahl 1 Martin Wahl 2

 Während den éischte Joëren sin déi meescht Aerbechten manuell gemaach gin, zënter de 70‘er Joëren as dunn ëmmer méi op d‘Technik emgestallt gin fir méi rationell schaffen ze kënnen.

Nom Bestiednes mat der Duechter vum Här Martin Wahl Mëtt der 70‘er Joër as den Här André Gloden an de Betrieb mat erageklomm an d‘Felder sin gréisstendeels op de Bann Eppelduerf geluecht gin.
Ufanks der 90‘er Joër, nom Doud vum Här Martin Wahl huet den Här André Gloden-Wahl de Betrieb iwerholl.
Zu deem Zäitpunkt as d‘Produktioun bis iwer 1 Millioun Bësch- an eenheemesch Heckeplanzen gewuess déi op méi wéi 11 ha Fläch gezillt gin.

D‘Planzung an d‘Eropzillen vun de Planzen sin gréisstendeels mëttels spezielle Maschinnen gemaach gin fir de Clienten ee méiglechst attraktiven Präis kënne ze offréieren.

Martin Wahl 5IMG_0299

Martin Wahl 7

Frësch verplanzten Jongplanzen

Nom Bäitrëtt vum Jong vum Här Gloden, dem Yves Gloden as de Betrieb vergréissert gin an bitt säit 1999 och eng grouss Gamme vun Ziersträicher a Saisonblummen un déi am Dëppchen gezillt sin an soumat direkt ouni Bestellung matgeholl kënne gin. Heifir sin e Gaardenzenter an 2 Zäeren gebaut gin wou Zierstraicher a Saisonblummen an grousser Quantitéit direkt disponibel sin.

container
Am Joër 2003 as en zousätzlechen Aktivitéitsberäich derbäi komm.
Niewent der Produktioun vu Planzen gët verstäerkt op d‘Uleen an den Entretien vun Gäert gesaat.
Zenterhier as eis Clientèle an dësem Beräich zu engem beträchlechen Ausmooss ugewuess.
Och heifir waren eng Parti Uschaafungen néideg déi et erlaaben zu gënschtegen Präisser bäi de Clienten ze schaffen.
IMG_0299bobcats130
Haut beschäftegt de Betrieb ënnert der Leedung vum Yves Gloden 10 Persounen, vun Bamschoulgäertner iwer Landschaftsgäertner bis zu Fleuristen.
316243_10151584426261668_538053491_n